Vill Emotiounen zum SchlussDiane Wunsch a Caroline Mart: No 11 respektiv 25 Joer Télévie ass Schluss

Pierre Weimerskirch
Beim 25. Télévie koum et och zu engem besonnesche Moment. Zwee Gesiichter vun der Emissioun soen Äddi, mat villen Emotiounen an Houfert.
De 25. Anniversaire vum Télévie war et déi lescht Editioun fir d'Caroline Mart an d'Diane Wunsch.
De 25. Anniversaire vum Télévie war et déi lescht Editioun fir d’Caroline Mart an d’Diane Wunsch.
© Chris Schagen / RTL

No 25 Joer Télévie fir d’Caroline Mart an 11 Joer fir d’Diane Wunsch geet eng Ära op en Enn. An de leschte Minutte vun der Emissioun gouf et nach eng Kéier perséinlech an emotional.

Vill Emotiounen zum Schluss
Diane Wunsch a Caroline Mart: no 11 respektiv 25 Joer Télévie ass Schluss

“Mir ginn. Mee mir sinn net total fort“, huet d’Caroline Mart betount. Fir si bleift den Télévie eng “Famill“, an en Engagement, dat och an Zukunft op aner Manéiere weidergeet.

Iwwer all déi Joren huet den Télévie net nëmme Sue fir d’Recherche gesammelt, mee och Hoffnung ginn. Fir d’Caroline Mart steet virun allem d’Entwécklung an der Kriibsfuerschung am Mëttelpunkt.

“D’Heelungsméiglechkeete si sou vill méi grouss ginn“, seet si. De Fortschrëtt wier konkret a genee dat géif d’Motivatioun ginn, sech weider anzesetzen.

Gutt a schwéier Momenter leien dobäi no beieneen. Net all Geschicht huet e gudden Ausgang, mee et bleift och vill Positives.

“Ech hale mech un deem fest, wat de Guy Berchem sot: an zéng, fofzéng Joer ass et vläicht nëmmen nach eng chronesch Krankheet.“

Besonnesch d’Kanner hätten dacks mat enger aussergewéinlecher Kraaft a Liewensfreed beandrockt: “Déi positiv Energie, déi vun de Patienten ausgeet, dat ass onwarscheinlech.“

“Dat muss ee mam Häerz maachen“

Och fir d’Diane Wunsch war et eng intensiv Zäit: “Ech fannen, datt et eng wonnerschéin Zäit war. Ech hunn enorm vill geléiert.“

Den Austausch mat Dokteren, Fuerscher a Betraffene hätt si gepräägt. “Sou eppes méchs de mam Häerz, soss méchs de et guer net.“

D’Caroline Mart huet och no vir gekuckt. Fir si ass et wichteg, datt den Télévie weidergeet mat neie Leit an enger neier Dynamik. Fir d’Joer 2027 steet d’Raphaëlle Dickes an de Startlächer fir den Télévie zesumme mam Olivier Catani ze moderéieren.

E grousse Merci och un de Patrick Greis fir säin Asaz all déi Jore fir den Télévie. E Mann, deen am Hannergrond all déi Jore vill a wäertvoll geschafft huet.

Back to Top
CIM LOGO