
Dës Nouvelle gouf vum Erhard Schmidt, Leeder vum Pons-Verlag confirméiert. Et gouf allerdéngs nach net entscheet, ob et just eng Paus vu Wierder wéi "Babo" oder "Smombie" ass, oder eng endgülteg Decisioun.
Grond fir dës Entscheedung ass eng Ëmstrukturéierung vun der Verlagslandschaft. Jorelaang huet de Langenscheidt-Verlag d'Jugendwuert vum Joer gesicht an de Lexikon "100 Prozent Jugendsprache" erausbruecht. Am Fréijoer 2019 huet PONS d'Mark Langenscheidt opkaaft an decidéiert, datt "de Lexikon net an engem Zoustand wier, datt een e kéint Enn vum Joer op de Marché bréngen", sou den Erhard Schmidt.
Net jidderee fënnt dës Mesure traureg, well d'Jugendwierder net statistesch beluecht goufen an dacks Trendwierder oder "Eintagsfliegen" wieren, sou d'Spriecherin vum Leibnitz-Institut Annette Trabold. Allerdéngs wier et schued, well d'Jugendwierder d'Mënsche géingen ureegen, fir iwwert d'Sprooch an de Sproochgebrauch nozedenken.