
Wéi géif e Song iwwer Lëtzebuerg kléngen? Fir de Clueso misst et eppes ganz Eegenes sinn: “Ich würde auf jeden Fall mit Band spielen, also handgemachte Musik […] und vielleicht so ein bisschen Chanson, der aus der Reihe fällt.“ Deemno eng Mëschung aus Energie an enger gewësser Liichtigkeit, genee wéi seng Erfarungen déi hien zu Lëtzebuerg gemaach huet.
De Clueso kënnt dëse Summer nees op Lëtzebuerg. Den 12. Juli spillt hien en Open-Air Concert an der Abtei Neimënster. Am Interview schwätzt de Sänger mat vill Sympathie iwwer Lëtzebuerg: “Das ist eine wundervolle Stadt.“ Hien erënnert sech gär un d’Altstad, un d’Kaffien an un déi entspaant Atmosphär: “Wir sind jedes Mal gerne hier. Es ist für uns auch ein bisschen Erholung.“
Och de Public hei am Land huet hien an de leschte Joren impressionéiert. “Ich würde sagen, die Leute sind extrem euphorisch und haben einfach Bock, sich ein Konzert reinzuziehen.“
Fir de Concert kënnen d’Fans sech op eng Mëschung aus neie Lidder a bekannten Hits freeën. Säin neien Album „Déjà-vu“ wäert dobäi eng zentral Roll spillen.
“Wir werden ein paar mehr Songs vom neuen Album einbauen, aber ich glaube, alle kommen auch auf ihre Kosten.“ Klassiker wéi “Chicago“ oder “Gewinner“ wäerten dobäi net feelen.
De Clueso beschreift seng Musek als permanent am Wandel. Inspiratioun hëlt hien aus ganz verschiddene Richtungen. “Ich höre sehr viel Musik aus Amerika und England und versuche zu verstehen, wie dieser Sound entsteht“, erkläert hien.
Am Studio géif hien da vill experimentéieren: “Dieses Getüftel am Sound macht sehr viel Spaß.“
Trotz Krisen an enger komplexer Welt bleift fir hien eng Saach zentral: d’Hoffnung. “Hoffnung ist bei meiner Musik immer irgendwie Licht am Ende.“
Den däitschen Singer-Songwriter probéiert och a méi melancholesche Lidder ëmmer eng positiv Perspektiv matzeginn. Dat beschreift hien mat engem ganz perséinleche Bild: “Wie eine schöne Kindheitserinnerung – wenn man irgendwo fremd ist und sich trotzdem zuhause fühlt.“ De Clueso bréngt et esou op de Punk: “Wir müssen die Zukunft selber erschaffen.“
De Clueso spillt den 12. Juli an der Abtei Neimënster, de Concert gëtt vum Atelier organiséiert.