De Filmkomponist Alexandre DesplatWeltpremière vun "En Silence" am Groussen Theater

RTL Lëtzebuerg
„En Silence“ erzielt d'Geschicht vun engem Schrëftsteller, deen no engem Hireschlag weder schreiwen oder schwätzen kann...
"En Silence" vum Alexandre Desplat
„En Silence“ erzielt d'Geschicht vun engem Schrëftsteller, dee no engem Hireschlag weder schreiwen oder schwätzen kann...

Den Alexandre Desplat gëllt als ee vun de gréisste Filmkomponisten op der Welt. Fir säi Soundtrack vum Guillermo del Toro sengem Film „The Shape of Water“ gouf hien 2018 fir d'zweete Kéier mat engem Oscar ausgezeechent. En Dënschdeg den Owend feiert hien hei zu Lëtzebuerg am Groussen Theater eng Weltpremière.

Zesumme mat senger Fra, dem Solrey an dem Lëtzebuerger Ensemble "United Instruments of Lucilin" huet hien d’Kammeroper “En Silence” kreéiert, déi op enger Novell vum japaneschen Auteur Yasunari Kawabata baséiert.

© RTL

„En Silence“ erzielt d'Geschicht vun engem Schrëftsteller, dee no engem Hireschlag weder schreiwen, nach schwätze kann an aus Leed a Verdross och soss all Geste verweigert. 10 Museker, 2 Sänger an ee Schauspiller verwandelen dem Yasunari Kawabata seng Poesie a Musek. Fir den Alexandre Desplat war d’Kreéiere vun dëser Oper eng ganz besonnesch Erausfuerderung.

De Komponist a seng Fra Solrey, déi bei der Kammeroper Regie féiert, krute mat dësem musikaleschen a lyresche Projet d’Geleeënheet, fir hir béid kreativ Universumen zesummenzebréngen.

Fir d’Museker vun United Instruments of Lucilin ass déi enk Zesummenaarbecht natierlech eng opreegend Erfarung.

D’Endresultat vun dëser Kollaboratioun kann ee sech en Dënschdeg an e Mëttwoch am Groussen Theater ukucken.

Méi Infoen fënnt een um offizielle Site vum Groussen Theater.

Back to Top
CIM LOGO