Am Kader vun deem Concert kënnt et zur Opféierung vun engem Stéck vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners. Et ass dëst eng Welt-Ur-Opféiereung.
"Silent Blue" heescht dat Stéck vum Claude Lenners. Et ass geschriwwe fir Orchester an 2 Perkussionisten.
Fir sech op zäitgenëssesch Musek anzeloossen, muss ee bereet sinn, fir d'Virstellung vun enger Melodie ze verloossen. Klangbiller entwéckele sech am Raum, bal wéi en Tableau aus Museksfaarwen.
De Régis Thill war an d'Prouwen, fir sech mam Komponist a mat den Interpreten ze ënnerhalen.