Kultur Last MinuteWat een déi nächst Deeg net verpasse soll

RTL Lëtzebuerg
Becker&Becker "Galerie Schlassgoart", Concert Dominique A an der KUFA, After-WIP-Liesung mam Velina Minkoff am "Bovary", Expo "Tour de Madame" am MUDAM.
Doris Becker an der Galerie Schlassgoart
Doris Becker an der Galerie Schlassgoart

Literatur, Musek a Konscht. De Weekend an och den Ufank vun der nächster Woch bidden e puer intressant Méiglechkeeten fir e kulturellen Ament ze genéissen.

Expo Doris Becker a Monique Becker Galerie Schlassgoart

Si si keng Schwësteren an och soss net matenee Famill, mä d'Wierker vun der Sculptrice Doris Becker, déi an der Keramik schafft an d'Biller vun der Molerin Monique Becker, déi hir Konscht ënner anerem beim éisterräicheschen Aktiounskënschtler Nitsch geléiert huet, passe gutt beieneen.

Doris Becker an der Galerie Schlassgoart
Doris Becker an der Galerie Schlassgoart

Vill Gro a Schwaarz a groussformateg sinn d'Wierker vun den zwou Kënschtlerinnen Doris Becker a Monique Becker, déi een nach bis den 9. Mäerz kann an d'Galerie Schlassgoart op Esch kucke goen.

D'Monique Becker war Invité an der Emisioun "No Art on Air"
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.

Concert "Dominique A" an der KUFA 23.2.2019

Den Dominique A - mam richtegen Numm Domnique Ané - gehéiert zu deene franséische Museker, déi an den 1990er Joren zu der sougenannter "nouvelle scène française" gehéiert hunn. Hien ass vrun allem bekannt ginn, duerch eng méi minimalistesch Manéier fir franséische Chanson ze maachen. Et sollte vrun allem keng "Texter ouni Musek" sinn, mä Lidder, déi eppes aussoen an trotzdeem eng rockeg Melodie hunn.

© Julien Mignot

Hie gëtt séier bekannt a populär a fëllt d'Säll mat senge Concerten. An den 2000er Joren fänkt en u säi Genre liicht ze veränneren, orientéiert sech vill um Alain Bashung, a schafft och mat aneren Auteuren, woubäi hie sech och vill Inspiratioun am Dialog mat sengem Publikum sicht.

2013 gouf en als beschten Artist vum Joer mat enger Victoire de la musique ausgezeechent.

2018 huet den Dominique A zwee Alben erausbruecht, déi ganz ënnerschiddlech sinn. Deen een ass e Wanter-Album mat Band "La latitude" an deen aneren en Hierschtalbum, Solo mam Titel "La fragilité".

E Samschdeg den Owend 23.2. mécht hie Statioun an der KUFA zu Esch.

After-WIP-Liesung mam Velina Minkoff 25.2.2019

WIP dat steet fir "Word in Progress", eng Aktioun bei där Auteuren aus Wierker liesen, déi nach net fäerdeg sinn an dann och gär mat de Leit driwwer diskutéieren. Dat ass all Mount an de verschiddenste Sproochen am Ratelach an der KUFA zu Esch.

Mä wat geschitt mat deenen Texter, kommen déi eemol eraus? Eng Äntwert dorobber gëtt et e Méindeg den Owend: déi bulgaresch Schrëftstellerin Velina Minkoff hat am Mee 2017 aus hirem Text "Le Grand Leader vient nous voir" op englesch gelies. Elo ass d'Buch eraus an och an enger franséischer Iwwersetzung bei Actes Sud ze kréien.

Am Buch geet et ëm eng jonk Bulgarin, d'Alexandra, déi an den 1980er Joren an Nordkorea kënnt, deemools nach keen isoléierte Staat, mä e Paradäis fir eng jonk Fra, déi och aus engem sozialistesche Land kënnt.

© Patrick Egan

E Méindeg den Owend 25.2.2019 um hallwer 7 liest d'Velina Minkoff an engem "AFTER-WIP" am Café littéraire Bovary zu Weimerschkierch.

"Tour de Madame" am MUDAM

Am MUDAM kann een den Ament eng Retrospektiv mat de Wierker aus 4 Joerzéngten vun der däitscher Kënschtlerin Jutta Koether gesinn, déi 1958 zu Köln gebuer ass an haut haaptsächlech zu Berlin an zu New York lieft a schafft.
Bekannt gouf se vrun allem als Performance-Kënschtlerin, déi mat Texter a Musek geschafft huet.

An der Ausstellung "Tour de Madame" geet et awer haaptsächlech ëm hir Molerei an hiren Zougank zu dëser Konschtform. Sou gëtt déi historesch Bedeitung vun hirem Wierk thematiséiert an hir Virstellung vun der zäitgenëssescher Molerei an engem Ëmfeld vun sozialen, kulturellen an historeschen Aflëss.

Kollektioun MUDAM
Kollektioun MUDAM

D'Expo "Tour de Madame" ass nach bis den 12. Mee am MUDAM ze gesinn

Back to Top
CIM LOGO