Kultur Last minuteWat een déi nächst Deeg net verpasse soll

RTL Lëtzebuerg
Escher Theater, Musektheater "Etty Hillesum", "Billy-Holliday-Story", Criss Cross Op der Schmelz, "Il Festino", Porte Ouverte "Marie-Josée Kerschen"

Eng Auswiel vu kulturelle Rendez-Vouse fir de Weekend an den Ufank vun der neier Woch:

"Roulez Jeunesses" a "Viel gut Essen" am Escher Theater

"Roulez Jeunesse" ass e besonnescht Theaterstéck, dat a 37 Tableauen dat op d'Bühn bréngt, wat Teenager beweegt, wat se beréiert a wat se beschäftegt. Et ass anengems och eng gutt Méiglechkeet engem jonken an och engem manner jonke Publikum ze weisen, wéi een esou Themen op enger Theaterbühn verschaffe kann. D'Regisseurin Pascale Noé Adam huet dofir mat ganz jonken Acteure geschafft.
D'Produktioun hat hir Première am Dezember a gëtt den 8. Februar am Escher Theater gewisen an den 26. Februar zu Diddeleng Op der Schmelz.

VIDEO: Léift, Sexualitéit a Posts op de sozialen Netzwierker
D'Stéck "Roulez Jeunesse!" leeft vun en Dënschdeg den Owend un am Kapuzinertheater a wëll Teenager fir d'Theaterwelt sensibiliséieren.

Eng weider Reprise vun enger Theaterproduktioun ass en Dënschden 12.2. an e Mëttwoch 13.2. Do leeft nach emol "Viel gut Essen" vum Sybille Berg an enger Mise en scène vum Anne Simon.

VIDEO: Anne Simon iwwer "Viel gut Essen!"
Mise en scène vum Anne Simon.

Criss Cross Europe "Op der Schmelz" 9.2.2019

"Criss Cross Europe" ass en europäesche Projet, dee viru 6 Joer entstanen ass an an deem et drëm geet jonk Jazzmuseker aus verschiddenen europäesche Länner z'ënnerstëtzen. Si schaffen dofir ënnert der Direktioun vun engem etabléierten Jazzmuseker, mat deem se dann och zesummen optrieden. Dëst Joer ass dat de franko-serbesche Pianist Bojan Z.

Am éischten Deel vum Owend spillt hie mat 5 jonke Museker aus Europa, dorënner och de Lëtzebuerger Vibraphonist Pol Belardi.

© Op der Schmelz

Am zweeten Deel trëtt de Bojan Z. da mat sengem Modern Times Quartett op.

Criss Cross Europe zu Diddeleng

"Etty Hillesum - das denkende Herz" am Kasemattentheater 9.2.2019

"Etty Hillesum - Das denkende Herz" heescht e Musiktheater-Owend, fir deen de Lëtzebuerger Olivier Garofalo de Libretto geschriwwen huet.

D'Etty Hillesum ass, wéi d'Anne Frank, eng hollänesch Jüdin gewiescht, déi während dem zweete Weltkrich op Auschwitz deportéiert gouf an déi an de Joren 1941-1943 Dagebicher geschriwwen huet. 1943 ass se do gestuerwen. An hiren Texter bréngt se et, trotz hirer dramatescher Situatioun, awer fäerdeg esou eppes wéi Liewesoptimismus ze weisen. Dës Texter ginn elo an engem Stéck presentéiert, dat zu Stuttgart Première hat.

"Duftender Wald" Etty Hillesum

Op der Bühn ass déi däitsch Sängerin Lena Sutor-Wernich, begleet um Piano vum Marco Bindelli.

"The Billie Holiday Story" am Trifolion 10.2.2019

D'Billie Holiday gehéiert, nieft der Ella Fitzgerald an der Sarah Vaughn, zu de grousse weiblechen Jazz-Sängerinnen. Hiert Liewen war net einfach, si hat Drogeprobleemer an ass 1959 am Alter vun nëmme 44 Joer vergiess a komplett veraarmt gestuerwen. Virdru war se duerch hir formidabel Stëmm entdeckt ginn, war e Star, obuwel se wéi deemools nach üüblech an den USA, sech huet musse ganz hell schminken an ni huet duerfen iwwer de selwechte Wee op d'Bühn kommen wéi wäiss Artisten.

© Opernwerkstatt am Rhein

Dës dramatesch Geschicht vum Billie Holiday steet e Sonndeg den Owend um 8 Auer am Mëttelpunkt vun engem Musek-Owend am Trifolion.

"Il Festino" zu Walfer an der Kierch 10.2.2019

De franséischen Ensembel "Il Festino" presentéiert Wierker fir zwou an dräi Stëmme vum italienesche Komponist Luzzasco Luzzaschi (1545-1607). Den Ensembel, ënner der Direktioun vum Luthiste Manuel de Grange, huet sech drop spezialiséiert Stécker aus dem 17te Joerhonnert op "alen" Instrumenter ze spillen.

De Concert ass um 17 Auer an der Walfer Kierch.

Porte Ouverte Atelier Marie-Josée Kerschen 9.&10.2.2019

Déi Lëtzebuerger Sculptrice Marie-Josée Kerschen schafft haaptsächlech am Holz an ass vrun allem duerch hir Skulpture bekannt, deenen se mënschlech Zich gëtt.
Dëse Weekend mécht d'Artistin d'Diere vun hirem Atelier grouss op.

Back to Top
CIM LOGO