
Ofkierzunge si jo beléift, well si ee méi séier u säin Zil bréngen. Vun dohier iwwerrascht et och net, datt een der net just "um Terrain" oder beim "Navigéiere" fënnt, ma och an der Sprooch - beim Schreiwe wéi am Schwätzen: vun ADR bis Asbl, vun CSV bis CFL, vun DP bis LSAP, vun UN bis USA, vun etc bis z.B.
Ma mol éierlech, wësst Dir ëmmer direkt, wat esou e "Kuerzwuert" heescht? Vill Ofkierzungen - oder Abbreviatiounen - benotzt ee jo selwer reegelméisseg. Dacks handelt et sech dobäi ëm sougenannten Akronymer, dat heescht, d'Ufanksbuschtawe vun enger Rëtsch Wierder ginn zu engem neie Wuert zesummegesat. (Natierlech kéint een do nach ganz vill Ënnerkategoriën oplëschten ...)
Ugefaange mat de Stroossen: "A" steet natierlech fir Autobunn, "N" fir Nationalstrooss an da gëtt et, fir déi kleng Stroossen, "CR", wat fir "Chemin repris" steet. Ma firwat "repris"? Dat wëssen d'Ponts et chaussées, kuerz P&Ch: Fir déi Stroosse ware fréier d'Gemengen, ëm 1870 goufe si du vum Staat iwerholl, also "repris". Den Terrain, wou déi CRen driwwer lafen, gehéiert awer nach ëmmer der Gemeng ...
An, wichteg, CR7 ass KENG Strooss: Do derhannert stécht de Cristiano Ronaldo mat der Nummer 7 um Réck.
Ganz bekannt natierlech och de WC, dat steet fir "Water Closet", op Lëtzebuergesch jo och gären als "Webesch Camille" interpretéiert ...
Interessant sinn d'Markennimm aus dem Sportberäich:
- "Asics" ass eng japanesch Mark, ma hire Markennumm ass den Akronym vum laténgesche Sprooch "Anima Sana in Corpore Sano", wat ee mat "Eng gesond Séil an engem gesonde Kierper" iwwersetze kéint. Beim réimeschen Dichter Juvenal ass de Sproch ze fanne mat "mens": "Mens sana in corpore sano", e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper.
- "Adidas" staamt vun Adolf genannt AdiDassler ...
- Apropos Dassler: "Puma" gouf vum Adols sengem Brudder Rudolf gegrënnt an huet am Ufank "Ruda" (aus Rudolf Dassler) geheescht. De Spëtznumm vum Rudolf als Sportler soll "Puma" gewiescht sinn, a well dat besser geklongen huet, gouf dunn aus Ruda Puma.
- Interessant och "Nike", zwar keng Ofkierzung, ma den Numm vun der griichescher Gëttin vun der Victoire (Níkē).
- Oder "Reebok", aus dem Afrikaans-Wuert fir "Rhebok" fir déi afrikanesch Réi-Antilop.
Da vum Sport eriwwer bei de Lifestyle:
- Den Numm vun der Jeansmark "Denim" soll stame vun "de Nîmes", als "Denim" bezeechent een a Frankräich dee Stoff, dee fir Jeansboxe geholl gëtt.
- D'Ofkierzung V.S.O.P. op Cognac oder Armagnac steet fir "very superior old pale", also fir "ganz gutt, al, bleech". "XO" steet iwwregens fir "Extra Old", beim Armagnac op d'mannst 10 Joer.
- En anert Gedrénks, déi Kéier ouni Alkohol: Sinalco, wat kënnt vun "sine alcohole", op Latäin: ouni Alkohol.
- "Audi": Fréier housch déi Autosmark "Horch", also wéi "höre!" oder "lauschter!" an op Latäin ass den Imperativ fir "lauschter": Audi!
- Vun den Autoe bei de Bensinn: Q8 ass a verschiddene Länner de Markennumm vun der "Kuwait Petroleum Corporation", well Q8 op Englesch ausgeschwat wéi "Kuwait" kléngt.
Hei nach e puer ganz bekannten Akronymen:
- Laser ass e schéinen Akronym, awer och komplizéiert: Light amplification by stimulated emission of radiation.
- Och d'Krankheet Aids ass en Akronym: Acquired Immune Deficiency Syndrome.
- Idem fir Sicav: Société d'investissement à capital variable.

An dann nach kuerz bei d'Medien:
- RTL ... dierft bekannt sinn, ZDF och, "Zweites Deutsches Fernsehen", ma ARD? Et ass komplizéiert, well ARD steet fir: "Arbeitsgemeinschaft der öffentlich-rechtlichen Rundfunkanstalten der Bundesrepublik Deutschland".
- Gafa ... steet fir d'Internetgiganten: Google, Amazon, Facebook an Apple.
- Interessant och IT, dat fir Informatiounstechnik steet.
- A wann een eppes net direkt versteet, da kann ee mol RTFM gesot oder geschriwwe kréien ... dat heescht da "Read the fucking manual", also "Lies dach déi schäiss Uleedung".
- Am beschte verbënnt een dat dann awer mat engem LOL, engem "Laughing Out Loud"; oder engem ROFL, engem "Rolling On [the] Floor Laughing".
Sou, lo awer genuch där Ofkierzungen, Akronymen a Markennimm, well soss heescht et nach:
tl;dr ... too long, didn't read ... also: ze laang, net gelies ;-)