VIDEO-Reportage: Esch2022Vum 28. Februar u kënne konkret Dossieren eragereecht ginn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war d'Nancy Braun, d'Generaldirektesch bei der Asbl Esch2022, d'Invitée um Plateau am Journal op der Télé.
Generaldirektesch bei der Asbl Esch2022 am Interview
Vum 28. Februar u kënne konkret Dossiere fir Esch2022 eragereecht ginn.

Lëtzebuerg an d'Groussregioun waren 2007 europäesch Kulturhaaptstad, deemools war d'Nancy Braun Directrice adjointe vum Projet. No dëser kultureller Missioun war si ënnert anerem Finanz- an Administratiounsdirektesch beim Bareau a Generalkoordinator bei der demokratescher Partei. Am Januar 2016 ass se der Ekipp vum Casino Lëtzebuerger als Administrateur bäigetrueden, se ass Presidentin vun der Asbl Carré Rotondes an am Verwaltungsrot vum sozio-kulturelle Radio 100,7. Am Hierscht 2018 huet d'Nancy Braun d'Charge vun der Generaldirektesch bei der Asbl Esch2022 iwwerholl, dat nodeems sech d'Stad Esch 2018 vun den zwee viregte Coordinateure getrennt hat. No de Streideren ass d'Nancy Braun elo virop gefuerdert fir Rou an dat Ganzt ze bréngen an de Retard opzehuelen, well eben d'Ekippen an de Programm ausgewiesselt goufen.

Knapp 3 Joer bleiwen, fir d'Projete fir déi europäesch Kulturhaaptstad auszeschaffen. Den 28. Februar gëtt een Appel à Projets lancéiert. Struktur- a Kulturcheffe sinn dann opgefuerdert fir Projeten aus alle Beräicher ze proposéieren, ma se mussen awer am Süde vum Land realiséiert kënne ginn. Hei sollen dann net nëmme méi Iddien erageschéckt ginn, ma vill méi schonn ausgeschafften Dossieren. Dës sollen ënnert anerem eng Beschreiwung vum Projet enthalen, och wisou een iwwerhaapt een Deel vun Esch 2022 wëll sinn oder och nach wat den Impakt vum Projet ass.

Wat de Budget vun de Projeten ugeet, do iwwerhëlt d'Asbl 2022 50 Prozent. De ganze Budget vun der Asbl beleeft sech op 57 Milliounen.

Zesumme mam Nany Braun schaffen den Ament nach zwou weider Persoune reng fir d'Kulturjoer 2022. An Zukunft sollen nach 4 weider Leit dobäi kommen.

Dir hutt Projete fir #Esch2022?

Jiddwereen deen interesséiert ass, fir d’Kulturjoer 2022 ee Projet eranzeginn, ass invitéiert den 28. Februar an d'Halle des Posches zu Esch ze kommen. Um 11 Auer ass do eng Pressekonferenz, déi awer fir jiddereen accessibel ass.

Nieft der Kulturministesch Sam Tanson, sinn och nach de Georges Mischo, d'Nancy Braun an de Christian Mosar bei der Pressekonferenz dobäi.

Back to Top
CIM LOGO