
All Joer verkeeft de Rotary Club Lëtzebuerg Schuman Rouse fir eng Cause ze ënnerstëtzen.
Dëst Joer ass et « Foster a Survivor » vun der Associatioun « We Are NOT Weapons Of War »
Dernieft leeft d'Aktioun vun dësem Joer ënnert dem Haut-Patronnage vun der Grande Duchesse.
De Präis vun enger Rous, déi exklusiv vu Betriber ka kaf gi läit bei 6 Euro.
Joelle Elvinger, Presidentin vum Rotary Club Lëtzebuerg Schuman huet am Interview méi iwwert de Projet verroden.