VIDEO: Däitsche Fernsehpreis 2019Vicky Krieps kritt de Präis fir bescht Schauspillerin

RTL Lëtzebuerg
Bad Banks ka sech 2 Präisser sécheren, dorënner dee fir déi beschte Regie.
Vicky Krieps kritt de Präis fir bescht Schauspillerin
En Donneschdeg den Owend gouf den däitsche Fernsehpreis zu Düsseldorf iwwerreescht.

D'Vicky Krieps, Lëtzebuerger Actrice, ass den Ament eng vun de beschten Televisioun-Schauspillerinnen an Däitschland. Si gouf en Donneschdeg den Owend zu Düsseldorf mam Däitsche Fernsehpreis ausgezeechent. D'Vicky Krieps krut de Präis fir hir Prestatioun an der neier Adaptatioun vum Klassiker "Das Boot".

Déi komplett Ried vum Vicky Krieps

Däitsche Fernsehpreis 2019
Vicky Krieps kritt de Präis fir bescht Schauspillerin. Bad Banks ka sech 2 Präisser sécheren, dorënner dee fir déi beschte Regie.
VIDEO: Vicky Krieps gewënnt Däitsche Fernsehpräis
D'Lëtzebuergerin gouf als bescht Schauspillerin geéiert.

De Film war mat am ganzen 9 Nominatiounen an d'Course gaangen, krut um Enn awer just zwou Auszeechnungen. Nieft dem Präis fir déi bescht Schauspillerin huet "Das Boot" nach an der Kategorie "Bescht Kamera" gewonnen.

VIDEO: "Ich bin total überfordert"
D'Vicky Krieps direkt no der Iwwerreechung.

D'Serie "Bad Banks", d'Lëtzebuerger Koproduktioun (Iris Productions zesumme mat Letterbox, ZDF an Arte), an där ë.a. d'Désirée Nosbusch matspillt, war 6 mol nominéiert, krut um Enn awer och just zwee Präisser, fir déi bescht Regie (Christian Schwochow) an an der Kategorie "Bescht Drama-Serie". D'Désirée Nosbusch war och nominéiert.

Nieft der Vicky Krieps gouf den Albrecht Schuch als beschte männlechen Acteur ausgezeechent, an zwar an direkt 3 Rollen. Den däitsche Schauspiller hat an de Filmer "Der Polizist und das Mädchen", "Gladbeck" a "Kruso" matgespillt. D'Serie "Gladbeck" iwwert d'Geiseldrama am Joer 1988 huet en Donneschdeg den Owend am beschten ofgeschnidden. Nieft der Kategorie vum beschte Schauspiller huet de Film ënnert anerem och an der Kategorie "Bescht Serie" gewonnen.

Vicky Krieps an Albrecht Schuch
Vicky Krieps an Albrecht Schuch

Am Virfeld

VIDEO: Den däitsche Fernsehpreis gëtt en Donneschdeg iwwerreecht
No de sëlleche Präisser déi Lëtzebuerger Schauspiller a Co-Produktiounen an de leschte Méint schonns gewonnen hunn,
VIDEO: Impressioune vum däitsche Fernsehpreis
Onkommentéiert Biller.

Back to Top
CIM LOGO