
No der Festnam vun der Sängerin, dat, presuméiert, wéinst Autofueren ënner Drogen- an Alkoholafloss, ass d’Britney Spears elo an eng spezialiséiert Klinick fir säin Entzuch gaangen. Dat mellen eng Partie US-Medien. De 44 Joer ale Popstar hätt sech aus fräie Stécker fir d’Behandlung gemellt, esou e puer US-Medien e Sonndeg. Ufank Mäerz war d’Britney Spears, presuméiert ënnert Alkohol- an Drogenafloss, um Steier vu sengem Auto festgeholl ginn a koum eng Nuecht an Arrest.
Säi Management hat kuerz drop vun engem Virfall geschwat, “deen absolut net ze entschëllege” wier an erkläert, dass d’Spears elo “déi richteg Schrëtt wäert maachen a sech un d’Gesetzer wäert halen”. “Hoffentlech kann dëst den éischte Schratt an déi längst iwwerfälleg Verännerung sinn, déi am Britney sengem Liewe geschéie muss”, heescht et an enger Erklärung déi am Mäerz publizéiert gouf.
D’Britney Spears war 1998 als Jugendlecht mat “Baby One More Time” e weltwäite Superstar ginn, dono si Welt-Hits wéi beispillsweis “Oops!... I Did It Again” an “Toxic” erauskomm. 2008 gouf d’Sängerin wéinst psychesche Problemer temporär an eng Klinik agewisen an entmëndegt. Säi Papp Jamy huet d’Tutelle deemools iwwert d’Musekerin iwwerholl an huet domadder net nëmmen déi perséinlech a kënschtleresch Aspekter vu sengem Meedche kontrolléiert, ma och säi Verméigen. Eréischt Enn 2021 ass déi extrem ëmstridden Tutelle no laangem Rechtssträit op en Enn gaangen.
A senger Biographie “The Woman in Me”, déi am Joer 2023 erauskomm ass, huet d’Spears betount, ni haart Droge geholl ze hunn. “Ech hu gär gedronk, awer ech hunn ni d’Kontroll verluer”, schreift d’Spears. Allerdéngs huet et zouginn Adderall geholl ze hunn, e Medikament dat stimuléiert an agesat gëtt, fir ADHS ze behandelen.