RIP"Twin Peaks"-Star Peggy Lipton am Alter vun 72 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Fir hir Roll a "Mod Squad" gouf d'Lipton mat engem Golden Globe ausgezeechent.
D'Actrice Peggy Lipton zesumme mat hirer Duechter Rashida am Joer 2009.
D'Actrice Peggy Lipton zesumme mat hirer Duechter Rashida am Joer 2009.
© AFP (Archiv)

Et waren hir Duechteren, déi den Doud vun der amerikanescher Actrice, déi Kriibs hat, public gemaach hunn.

Bestuet war si vun 1974 bis 1990 mam Museksproduzent Quincy Jones.

Aus deem Bestietnis kommen dann och hir Duechtere Kidada a Rashida, déi bekannt sinn duerch hir Rollen an "The Office" a "Parks and Recreation".

Back to Top
CIM LOGO