
De Freideg, 8. Mäerz ëm 20.15 Auer spillen de Carlos Nûñez (weltbekannte "Grammy Award" an "European Environmental Ambassador", Bagpipes a Flütt), begleet vum Xurxo Núñez (Perkussioun), Pancho Álvarez (Gittar) an de bekannte Lëtzebuerger Organist Laurent Felten, dee vum Uergel-Festival vun Diddeleng traditionell organiséierte Pre-Ouvertures-Concert vum Zeltik-Festival vun de Stad Diddeleng.
De besonnesch interessante Programm vun dësem Joer kombinéiert Wierker vun allen Zäite fir Uergel a Dudelsack, Uergel a Gittar, Uergel eleng, mat ënnert anerem der beléifter "Sinfonia" vum Bach, "Cantiga Bretona-Ponthus", "the Pilgrims Sunrise", "Woman of Ireland", "Concierto de Aranjuez" (Adagio) ...
D'Opféierung gëtt op groussem Ecran projezéiert.
Virverkaf op Luxembourgticket an op info@orgue-dudelange.lu. Informatiounen op www.orgue-dudelange.lu.