
Heiansdo muss ee sech als Museker nei erfannen. Dat hunn d'Jonge vun der Lëtzebuerger Band "The Disliked" elo gemaach. Hire Stil ass vun elo un Reggae, oder wéi si et nennen: Reggae à la Disliked, mat Gittaren, déi un dem Santana seng beschten Zäit erënneren, gepeffert mat enger uerdentlecher Portioun Uergel an engem Beat, deen déi gutt al Sublime Sounds opfrëscht.
Um Album Reggae Rescue ass souguer e Lidd drop wat vu Kanner inspiréiert gouf.