Och dës Kéier sinn erëm gutt 50 Kënschtler mat dobäi, wann et heescht Konscht an engem ongewinnte Raum auszestellen. Datt de Succès vu Joer zu Joer méi grouss gëtt, huet och d'Zuel vun de Visiteuren de leschte Freideg um Vernissage gewisen.
D'Jenny Fischbach war laanscht kucken.