Aus gesondheetleche GrënnSnow Patrol muss den Datum an der Abtei Neimënster ofsoen

RTL Lëtzebuerg
Wéi et op Facebook vun der Band heescht, misst de Pianist a Gittarist operéiert ginn. Dohier muss Snow Patrol eng Partie Concerten ofsoen.
© Facebook Snow Patrol

Vu dass och nach en 2. Gittarist wéinst gesondheetleche Grënn ausgefall ass, ass et der Band net méi méiglech, d'Tour esou wéi geplangt duerchzezéien.

D'Band sollt jo och den 2. Juli an der Abtei Neimënster spillen, ma och dëse Concert wäert definitiv ausfalen.

Déi akustesch Concerten an Asien, Australien a Neiséiland dogéint sollen awer nees gespillt ginn, dës si méi spéit am August.

Back to Top
CIM LOGO