Tansania, Ethiopien, Südafrika. Dat si puer vun de Länner, aus deenen déi 87 Artiste vum Zirkus Spektakel Afrika Afrika kommen. Dëse Weekend si si an der Rockhal. Mee wéi lafen d’Virbereedungen of a wéi ass d’Liewen op Tournée? Mir ware beim Optrëtt zu Saarbrécken hannert d’Kulisse luussen.
Vill Faarf, Freed a verréckt Konschtstécker. D’Artiste vun der Show Afrika Afrika wëssen, wéi een d'Leit am Publikum un d’Staune bréngt. Mee et ass virun allem déi enorm Liewensfreed, déi engem opfält. Fir den Tour-Manager Jan Knak ass et genau dës Freed, déi d’Show zu deem mécht, wat se ass.
Zwee Méint laang sinn d’Artisten ënnerwee. All Owend an enger anerer Stad op der Bühn. An dat heescht och all Owend op en Neits schminken, Kostüm undoen, waarm maachen.
Déi vill Stonnen op der Rees sinn awer net dat eenzegt, woumat d’Artisten ze kämpfen hunn. D’Sängerin Tsoakae kënnt aus Südafrika. Och wa si fir d’zweet mat op Tournée ass, gëtt et eppes, un dat si sech nach net ganz gewinnt huet.
Den 13. Abrëll ass d'Show an der Rockhal ze gesinn.