Zesumme mat der Librairie Ernster an dem Athenée gouf fir dësen Owend op eng Liesung aus sengen Psychothriller "Der Insasse" invitéiert. Virdru kruten awer schonn e puer Schüler aus dem Athénée d’Geleeënheet, de Sebastian Fitzek ganz perséinlech kennenzeléieren.
Schüler souwuel aus A-Klassen, wéi och aus dem engleschsproochege baccalauréat international kruten Abléck an d’Schaffen, d’Liewen an d’Inspiratioune vum Bestseller-Auteur Sebastian Fitzek am Gespréich mat him selwer. Moderéiert gouf dat Ganzt vum Lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker Jérôme Jaminet. Wärend den zwou Stonne konnten d’Schüler selwer hir Froen un de Sebastian Fitzek stellen a kruten och eng kuerz, mä perséinlech Liesung.
De Sebastian Fitzek ass virun allem fir seng Thriller-Romaner wéi "Die Therapie" oder "Passagier 23" bekannt. 5 vu senge Romaner goufe scho verfilmt. Seng Bicher sti reegelméisseg op däitsche Bestseller-Lëschten a ginn a 24 Sproochen iwwersat. Weltwäit goufe schonn iwwer 12 Millioune Bicher vum Sebastian Fitzek verkaf.