
De Schlagersänger Gus Backus (Donald Edgar Backus) ass en Donneschdeg am Alter vun 81 Joer a sengem Haus zu Germering bei München gestuerwen, dat no laanger Krankheet. Dat deelen d'Kanner vum Gus Backus e Freideg mat.
Virun allem an de 60er a 70er Jore war hien extrem bekannt an Däitschland, dat mat Lidder wéi "Brauner Bär und weiße Taube", "Da sprach der alte Häuptling der Indianer", "Der Mann im Mond" oder "Sauerkraut Polka" bekannt. Interpretéiert huet hien dës Lidder ëmmer an engem amerikaneschen Akzent.
Ma och als Schauspiller war hie bekannt an huet a ronn 30 Filmer matgespillt, dorënner gréisstendeels Komedien aus Éisträich.
Et war dem Gus Backus säi Wonsch am Krees vun der Famill bäigesat ze ginn, eng grouss Trauerfeier ass dohier net geplangt.