"Illustrated Fairytales"Sabrina Kaufmann start Crowdfunding-Campagne

RTL Lëtzebuerg
Am Projet vun der jonker Zeechnerin geet et drëm, klassesch Märercher visuell ëmzesetzen. Bannent 2 Deeg war deen éischten Objectif schonn erreecht.

De Prinzip vun der Crowdfunding-Campagne vum Sabrina Kaufmann ass ganz einfach: Jiddereen, dee bis den 30. Abrëll e klengen Don mécht oder e Buch virbestellt, dreet esou zu senger Realisatioun bäi. Dee Palier gouf ewell erreecht, well déi dofir néideg 1.200 Euro ware bannent zwee Deeg gesammelt.

Et gëtt awer nach 3 Bonus-Palieren, esou datt een nach ëmmer matmaache kann - op enger Online-Plattform.

Am Buch "Illustrated Fairytales" geet et drëm, klassesch Märercher op Manga-Aart ze illustréieren; e klengen historeschen Abléck iwwer d'Mäerche soll et och derbäi ginn. Am Juli soll d'Buch erauskommen.

Op der Crowdfunding-Säit schreift déi jonk Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi op Mangae spezialiséiert ass:

Illustrated Fairytales est un manga illustrant des contes de fées classiques. Amoureuse de ces récits depuis mon enfance, j'ai pu les redécouvrir sous une autre facette grâce à l'histoire, le symbolisme et la psychanalyse. A travers des pages avec des vêtements et décors somptueux, je vous invite à (re)découvrir les contes ayant bercé notre enfance!

E Bild vun der Luxcon 2017.
E Bild vun der Luxcon 2017.
© lm

Back to Top
CIM LOGO