Bekannt war si jo virun allem duerch verschidde Romaner ginn, déi sech an hirer Heemescht am Cornwall an England ofspillen.
Am Summer hat de Lëtzebuerger Schauspiller Tommy Schlesser d’Chance, fir eng vun den Haaptrollen an engem Rosamunde-Pilcher-Film ze spillen. De Lëtzebuerger spillt en homosexuelle Mannschafts-Dokter, deen eng heemlech Liebes-Geschicht mat engem Profi-Fussballer huet. An dëse Film gouf elo nom Doud vun der Schrëftstellerin e Sonnden um 20:15 um ZDF diffuséiert. D’Raphaelle Dickes war am Summer fir ons um Set derbäi a konnt den Tommy bei senger Aarbecht begleeden.