
Als "bescht Acteure" goufen nominéiert: Christian Bale, Bradley Cooper, Willem Dafoe, Rami Malelk an de Viggo Mortensen.
An als "bescht Actrice": Yalitza Aparicio, Glenn Close, Olivia Colman, Lady Gaga a Melissa McCarthy.
Am meeschten nominéiert:
- Roma 10 Mol
- The Favorite 10 Mol
- Vice 8 Mol
- A Star is born 8 Mol (dee Film gouf jo als grousse Favorit gehandelt), dorënner beschte Song (Shallow/Gaga), bescht Actrice (Gaga), beschten Acteur (Bradley Cooper) a beschte Film
- Black Panther 7 Mol
- Bohemian Rhapsody 5 Mol
Als beschten net-englesche Film gouf ënnert anerem "Werk ohne Autor" vum däitsche Regisseur Florian Henckel von Donnersmarck nominéiert.
E Sonndeg, 24. Februar ginn d’Oscaren iwwerreecht. Et ass ewell déi 91. Zeremonie.