Mythos GladiatorenRéimerdeeg an der Villa Borg zu Pirel

Christophe Hochard
De Weekend konnt een an der Villa Borg nees Gladiatore beim Kämpfe gesinn.
VIDEO: Réimerdeeg an der Villa Borg zu Pirel
De Weekend konnt een an der Villa Borg nees Gladiatore beim Kämpfe gesinn.

An der Villa Borg ginn zanter Joeren d'Réimerdeeg organiséiert. Et geet also zréck an d'Zäit tëscht dem 8. Joerhonnert viru Christus an dem 7. Joerhonnert no Christus. Dëse Weekend war et nees souwäit zu Pirel, déisäit der Musel.

D'Villa Borg soll fréier e Bauerebetrib gewiescht sinn. Mat engem Areal vu 7,5 Hektar. Schonn iwwer 20 Joer ginn d'Réimerdeeg an der Villa Borg organiséiert, wou och Schoulklassen aus dem In- an Ausland kënnen den Archäologen iwwer d'Schëller kucken.

Back to Top
CIM LOGO