Roman PolanskiRegisseur wëll seng Spär bei den Oscare réckgängeg gemaach kréien

RTL Lëtzebuerg
Viru knapp engem Joer hat d'Oscar Akademie en eraus geworf wéinst Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch.
© Lionel BONAVENTURE / AFP

Elo versicht de Regisseur Roman Polanski per Geriicht, d'Decisioun réckgängeg ze maachen. Den ëmstriddene Regisseur war zejoert, nämmlecht wéi de Bill Cosyb wéinst sexuellem Feelverhalen aus der Akademie ausgeschloss ginn.

An senger aktueller Demande argumentéiert hien datt d'Filmakademie géint hir eege Reegele verstouss hätt andeem se hien ouni Virukënnegung eraus geheit hätten. Hien a seng Affekoten hätten esou kaum Zäit gehat sech dogéint ze wieren.

D'Oscar Akademie reagéiert a seet et wier eng fair an novollzéibar Decisioun gewiescht bei där een och bleiwe géing.

Back to Top
CIM LOGO