Europäesch Kulturhaaptstad: Esch 2022Projetsvirschléi nach bis Enn vum Joer

RTL Lëtzebuerg
Bis den 31. Juli, déi eigentlech Frist fir d'Erareeche vu Projetsvirschléi, sinn 290 Dossieren agaangen. Elo gouf d'Frist bis den 31. Dezember verlängert.
© RTL Télé

Den Enn Februar lancéierten Opruff fir d'Erareeche vu Projetsvirschléi am Kader vun der Europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 gëtt bis den 31. Dezember 2019 verlängert. Dëst opgrond vun enger Rei vun Ufroen, déi beim Organisatiounscomité an der Stad Esch kuerz virun der eigentlecher Frist vum 31. Juli agelaf sinn.

Donieft kréien duerch dës Verlängerung Projeten aus der "Communauté de communes du Pays Val de l'Alzette" d'Méiglechkeet, hir Virschléi anzereechen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun ESCH 2022

Back to Top
CIM LOGO