Am Kader vun der 6. Editioun vun dësem Poesie-Projet touren zanter dem 12. Mäerz fënnef Auteuren aus Frankräich, Rheinland-Pfalz, Saarland, der Wallonie a Lëtzebuerg duerch d'Groussregioun a presentéieren dem Public hir nei kreéiert Wierker.
2 Wochen hunn déi 5 ausgewielten Auteuren eng Schreiwresidenz a jeweils fënnef verschiddene Kulturhaiser verbruecht, fir ongestéiert u neien Texter ze schaffen, déi si dem Public op der Liestournée a musikalescher Begleedung vum Gitarrist Remo Cavallini presentéieren. De Prinzip ass zwar ëmmer dee selwechten, ma all Editioun ass eng nei Geleeënheet fir ganz verschidde poetesch Welten ze entdecken.
Der jonker Lëtzebuerger Dichterin Caroline Simon hir Texter, stinn an der Traditioun vun der Protestlyrik.
Et ass eng engagéiert Poesie, an där si sech mat aktuellen Themen wéi z.B. Immigratioun a Klimawandel beschäftegt.
An hire nei kreéierte Wierker, setzen sech déi 5 Poeten a Poetinnen och mat der Uertschaft an der historescher Landschaft vun hirer Residenz auserneen. Jiddfereen natierlech op seng ganz eegen Art a Weis.
D'Editioun 2019 leeft nach bis den 23. Mäerz.