De Siren’s Call Festival huet dëst Joer erëm eng Partie Leit a verschidden international Artisten an de Gronn ugezunn. Trotz grousser Hëtzt huet et un Stëmmung bei de Leit net gefeelt. Iwwer 20 Bands sinn opgetrueden, a hunn an der Abtei Neumünster eng positiv Atmosphär kreéiert.
Impressioune vum Siren's Call Music & Culture Festival 2019 (29.6.19)Op der grousser Bühn um Parvis stoungen international Bands wéi z.B. Band of Horses, Catpower a Metronomy. Mä och méi nei Artisten, wéi z.B. Grandbrothers a Flavien Berger haten d’ Chance virun engem grousse Public op verschiddene Bühne vum Site opzetrieden.
Musek stoung beim Siren’s Call natierlech vir um Programm, mee och un aner Aktivitéiten huet et um Festival dëse Weekend net gefeelt. Sëllechen Expoen, Installatiounen a Performancë goufen ugebueden.
E puer dausend Leit hunn sech de Samschden am Gronn zesumme fonnt, fir bei guddem Wierder an a natierlech gudder Musek ze feieren. Trotz der grousser Hëtzt huet et un Stëmmung bei de Leit awer net gefeelt.
Op der grousser Bühn um Parvis stoungen international Bands wéi Band of Horses, Catpower a Metronomy; dei britesch Band war virun allem begeeschtert op esou engem schéine Site ze spillen.
Musek stoung beim Siren’s Call natierlech op éischter Plaz, mä un aner Aktivitéiten huet et um Festival net gefeelt. Sëllechen Expoen, Installatiounen a Performancë goufen ugebueden. Nei dëst Joer war och de Charleston Workshop, wou ee säi Rhythmus zu Jazz Musek teste konnt. D’Organisateure vum Festival schénge mat der 3er Editioun zefridden ze sinn.
De Bilan vum Museksfestival ass positiv. Op eng 4ten Editioun vum Siren’s Call kann een sech nächst Joer da wahrscheinlech freeën.