FOTOEN a VIDEOPorte Ouverte vum Freeport: Stécker vu Banksy bis Picasso

RTL Lëtzebuerg
Den 31. Mäerz vun 10.30 bis 17 Auer hat de Freeport um Findel nees seng Dieren opgemaach.
VIDEO: Porte Ouverte am Freeport
Iwwer 1.500 Leit wollte sech déi Konschtwierker, Autoen an aner wäertvoll Saachen ukucken, déi hei gelagert ginn.

E ganz grousse Succès war et, trotz schéinem Wieder: d'Porte Entre-Ouverte vum Freeport um Findel. Kuerz no 15 Auer hunn d'Organisateure schonn iwwer 1500 Visiteure notéiert gehat.

Et war e ganz internationale Public, deen op seng Käschte koum. Net all Dag ginn et hei zu Lëtzebuerg Wierker vu Kënschtler ewéi Banksy oder Picasso ze gesinn, erkläert de CEO vum Freeport Philippe Dauvergne.

Et gëtt op Transparenz gesat

© Freeport

Nodeems sech d'Fro vun der Legalitéit scho méi wéi eemol gestallt huet, wëll een elo méi op Transparenz setzen. Woubäi ee sech d'Fro stelle muss, wéi een Transparenz an engem Bunker schafe kann.

Op 22.000m2 ginn d'Luxusgidder gelagert a vun Zäit zu Zäit gi vereenzelter gewisen. Dofir muss sech mat de Clienten zesumme gesat ginn, un déi de Freeport hir Stocke verlount.

Preview: Den 31. Mäerz vun 10.30 bis 17 Auer

Porte Ouverte am Freeport / Reportage Claudia Kollwelter

Gewise ginn dann eng ganz Rëtsch Konschtwierker, déi an de Stocke vum Freeport lageren - vun Tableaue bis Fotografien. Ausserdeem eng Selektioun vu Konschtwierker aus dem Mudam an e Wierk aus der Galerie Ceysson & Bénétière, genee esou wéi Wierker vu Lëtzebuerger Artisten.

Ausgestallt ginn ënnert anerem: Banksy, Daniel Buren, Rosson Crow, Lucas Cranach, El Greco, Andreas Gursky, Philippe Perrin, Didier Marcel, Michel Majerus, Thomas Ruff, Frank Stella ... an och Neonwierker vu Johana Grawunder an Hsia-Fei Chang.

D'Expo ass an der Lobby vum Freeport, déi jo vum Bas-relief vum portugisesche Streetart-Kënschtler Alexandre Farto aka VHILS markéiert ass.

De Freeport ass op e Sonndeg, 31. Mäerz tëscht 10.30 a 17 Auer. Beim Freeport gëtt et just eng limitéiert Zuel vu Parkplazen an d'Visiteure mussen eng Carte d'identité weisen.

Back to Top
CIM LOGO