Ausstellung"Plakeg!" an der Villa Vauban

RTL Lëtzebuerg
Plakeg! Esou den Titel vun der neier Ausstellung an der Villa Vauban.
Ausstellung - "Plakeg!" an der Villa Vauban
Plakeg! Esou den Titel vun der neier Ausstellung an der Villa Vauban.

Hei dréint sech alles ëm den Nu an der Konscht an a wéi engem Kontext d’Wierker ëm 1900 entstane sinn. Wat op den éischte Bléck wéi eng ganz akademesch Ausstellung ausgesäit, weist awer am Fong, wéi revolutionär d’Kënschtler déi Zäit mam Nu ëmgaange sinn.

Déi däitsch Kënschtler Lovis Corinth an Albert Weisgerber stinn am Mëttelpunkt vun der Ausstellung "Plakeg!", déi mat Wierker vun Artisten aus der Groussregioun a Lëtzebuerg ergänzt ginn. Eng ästhetesch Revolutioun ass ëm 1900 geschitt. Déi grouss impressionistesch Virreider wéi de Manet, mat sengem Wierk "Olympia" oder nach de Courbet hunn den Nu schonn aus hirem reliéisen an mythologesche Kontext befreit. Duerch déi Influenzen hunn d’Artisten ugefaangen, méi naturgetrei ze molen an d’Kierper net méi ze idealiséieren.

D’Ausstellung soll weisen, wat geschitt, wann d’Ästhetik an der Konscht sech verännert. Esou gëtt den Nu haut als eppes méi Akademesches ugesinn, well et sech vill op d’Studéieren an Observéiere vum Kierper konzentréiert.

D’Wierker, déi hei hänken, hunn awer guer näischt Akademesches, ganz am Géigendeel, d’Artisten hu sech géint d’Akademie ausgedréckt an esou Skandaler ausgeléist.

De Lovis Corinth ass ganz wichteg fir d’Ausstellung, well hien eben zu senge Liefzäite vill ugëeckt ass mat der Aart a Weis, wéi e gezeechent a gemoolt huet. E gutt Beispill dofir ass säi Wierk "Bacchanale" vun 1896, wat eng Grupp vu Leit an engem Rauschzoustand weist. Hei gëtt d’Fest vum Bacchus gefeiert an och hei ass hiren Zoustand an hir Kierperen net idealiséiert ginn.

Am 19. Joerhonnert sinn d’Artiste mat engem strengen Zensurgesetz gebremst ginn. Eng konkret Géintiwwerstellung vun zäitgenëssesche Wierker gëtt et net an der Ausstellung. Ma trotzdeem léisst sech awer e Lien mat haut maachen. Facebook huet nämlech deelweis d’Fotoe vun de Molereien op der Säit vun der Villa Vauban zenséiert.

D’Ausstellung kann een nach bis de 16. Juni kucke goen an Informatiounen zu de Workshoppen an Aktivitéite ronderëm Thematik vum Nu fënnt een um Internetsite vun der Villa Vauban.

Back to Top
CIM LOGO