27. Abrëll an der KufaOut of the Crowd-Festival mat Beak> a Built to Spill

RTL Lëtzebuerg
De 27. Abrëll ass déi 16. Editioun vum Museksfestival an der Escher Kulturfabrik an um Donneschdeg gouf de Programm der Press presentéiert.

Ob Rock, Indie oder och Elektro - den Out of The Crowd-Festival limitéiert sech net eleng op ee Genre, mee huet haaptsächlech als Philosophie, de Leit nei Tendenzen aus der Musek ze presentéieren.

Out of the Crowd/Reportage Claudia Kollwelter

Vun engem klengen Indie-Fest huet sech de Festival iwwert d'Joren ëmmer weiderentwéckelt an huet déi lescht Jore Bands vun der ganzer Welt op d'Bühnen am ale Schluechthaus krut.

Dëst Joer zielt de Festival en neie Partner, nämlech eng Gewerkschaft. De Jean-Luc de Matteis vum OGBL betount, datt dat vläicht bëssen ongewéinlech ass:

Fir eis als OGBL war et nach ëmmer sou, datt d'Kultur en Deel vum Liewen ass. Mir sinn aktiv a ville Sparten vum Liewen an d'Kultur bréngt d'Leit zesummen. Mir hu schonn a villen kulturellen Organisatioune matgemaach an Evenementer organiséiert. Eisen 1. Mee am Neimënster ass och eng kulturell Veranstaltung. Fir eis ass dat hei komplementar zu eiser 1. Mee-Feier, well mer mengen, datt déi Concerten an de Festival zum Deel nei Saachen erausbréngt, an dat fir déi Jonk a manner Jonk interessant ass. Dat ass en Deel, deen eis wichteg ass matzedroen.

De 27. Abrëll trieden 11 Gruppen aus den ënnerschiddlechste Genren a Länner an der Escher Kulturfabrik op.

Headliner sinn dëst Joer direkt zwou Banden - engersäits de briteschen Trio "Beak" an anersäits "Built to spill", déi als aflossräichst Indie Rock Band an den 90er Joren an den USA gegëllt huet. Dës gëllt iwwregens och zu enger vun de Liiblingsgruppe vun den Organisateuren vum "The Shalltot Collective". Aus engem klengen Indie-Fest, dat een ënnert Kollege gefeiert huet, ass et haut e Festival mat groussen Nimm aus der Musekswelt, déi een normalerweis net an engem Dag an esou engem klenge Kader ze gesi kritt. A genee dat ass, wat den Out Of The Crowd ausmécht - mat enger Unzuel vu ronn 600 Spectateure pro Joer an 2 klenge Bühnen ass et en heemleche Kader, bei deem d'Live Acts am Mëttelpunkt stinn. Dat geet vu méi haarden Téin iwwer méi Roueger a Poetescher.

Line-Up:

BEAK> (UK)

BUILT TO SPILL (USA)

PETER KERNEL (CH)

THE MURDER CAPITAL (IRL)

JAYE JAYLE (USA)

LYSISTRATA (FR)

TOWN PORTAL (DK)

© Mads Ogstrup Nielsen

KLEIN. (LU)

SAY SUE ME (KOR)

© Jeongran Park

DAMMIT I'M MAD (SE)

© John Arthur

THE CHOPPY BUMPY PEACHES (LU)

PDF Schreiwes OOTC

Back to Top
CIM LOGO