VIDEO-ReportageNach bis e Sonndeg - Lëtzebuerg op der Berlinale

RTL Lëtzebuerg
Et ass e ganz wichtege Rendez-vous fir Regisseuren, Schauspiller a Produzenten: d’Berlinale. Nach bis e Sonndeg leeft déi 69. Editioun.
Nach bis e Sonndeg - Lëtzebuerg op der Berlinale
Et ass e ganz wichtege Rendez-vous fir Regisseuren, Schauspiller a Produzenten: d’Berlinale. Nach bis e Sonndeg leeft déi 69. Editioun.

Iwwer 400 Filmer wäerte bis dohi gewise ginn. Dorënner och erëm Lëtzebuerger Co-Produktiounen.

Nieft Cannes a Venedeg zielt d’Berlinale zu de gréisste Filmfestivaller weltwäit. Och Hollywood ass hei vertrueden, ma virun allem awer international Independant-Filmer, esou wéi zwou lëtzebuergesch Co-Produktiounen, déi an der Kategorie "Panorama" gewise ginn.

De Film Tremors zielt d’Liewe vum Pablo. Ee Chrëscht a Papp vun zwee Kanner, dee sech an ee Mann verléift. Seng Famill decidéiert doropshin, hie mat Hëllef vun der Kierch ze "heelen". De Film gouf an Zesummenaarbecht mat Iris Productions realiséiert.

Flatland ass ee "Road Movie", an deem et ëm Frëndschaft, Fraerechter an ëm déi sozial Struktur an enger gedeelter Natioun geet. Realiséiert vum Jenna Bass a co-produzéiert vun Deal Prodcutions.

Konscht, Glamour, Party a Geschäfter maachen – all déi Saache si mat der Berlinale verbonnen. Wichteg dofir sinn dann och d’After-Partys, wou och lëtzebuergesch Acteuren a Produzenten net feelen dierfen.

Wéi all Joers war dann och e Méindeg erëm de Lëtzebuerger Owend an der Ambassade zu Berlin, wou den Ambassadeur Jean Graff an de Filmfong-Direkter Guy Daleiden invitéiert hunn.

Bis e Sonndeg leeft d’Berlinale nach, also genuch Zäit, an där Filmschafender Konscht a Glamour presentéiere kënnen a fir dat eent oder anert Geschäft ze maachen.

Berlinale 2019 - De Blog vum Joy Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO