D’Myriam Müller bréngt d’Theateradaptatioun op d’Bühn a gëtt dem Text eng nei Dimensioun. Si léist sech bewosst vun de formale Mëttel vum Film.
Och inhaltlech wëll d’Regisseurin aner Accenten setzen. Dat jonkt Bess ass an enger streng reliéiser Communautéit a Schottland opgewuess. Hat verléift sech an e Mann, dee vu baussen an d’Communautéit erakënnt. No engem Accident ass hie queeschschnëttsgeläämt, wëll awer, datt seng Fra e normaalt Liewe féiert. Hie gëtt dem Bess d’Fräiheet, fir aner Männer ze treffen.
Déi grouss Thematik, déi d'Myriam Müller interesséiert, ass net nëmmen d’Befreiung vun der jonker Fra aus dem streng reliéise Corset, mä och d'Thematik vun der Guttheet.
D’Koproduktioun mat Theaterhaiser aus Frankräich an der Belsch kann ee bis de 7. Februar an de groussen Theater kucke goen.
Mam Louis Bonnet, Mathieu Besnard, Olivier Foubert, Brice Montagne, Valéry Plancke, Clotilde Ramondou, Brigitte Urhausen, Jules Werner, Chloé Winkel
Mise en scène Myriam Muller
Vendredi 1er FÉVRIER 2019 à 20h00
Lundi 4 FÉVRIER 2019 à 20h00
Mardi 5 FÉVRIER 2019 à 20h00
Mercredi 6 FÉVRIER 2019 à 20h00
Jeudi 7 FÉVRIER 2019 à 20h00