World Music Contest zu KerkradeMonnerecher Musek kënnt op déi véiert Plaz

RTL Lëtzebuerg
Och wann een de Podium ganz knapp verpasst huet, ka sech d'Leeschtung vun der Monnerecher Musek zu Kerkrade weise loossen.
D'Monnerecher Musek um World Music Contest zu Kerkrade 26. Juli 2026.
D'Monnerecher Musek um World Music Contest zu Kerkrade 26. Juli 2026.
© Monnerecher Musek

Ënner 14 Museken huet sech d'Monnerecher Musek an der 3. Divisioun fir Harmonieorchesteren déi 4. Plaz beim World Music Contest zu Kerkrade geséchert. Si krute fir hiren Optrëtt vun 30 Minutten 91,44 vu méiglechen 100 Punkten.

© Monnerecher Musek

Opgetruede si si mat de Wierker "Evolutions for Winds" vum Lëtzebuerger Komponist Marco Pütz, wat hiert Flichtstéck war, wéi och "Flashing Winds" vum Jan van der Roost a "Moving Heaven an Earth" vum Philip Sparke. Den Optrëtt war e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer am Theater vu Kerkrade.

Schreiwes vun der Monnerecher Musek


Eise Reportage iwwer d'Preparatiounen

Back to Top
CIM LOGO