De World Music Contest (WMC) leeft vum 9. Juli bis den 2. August zu Kerkrade an Holland. Fir vill Veräiner huet d'Participatioun eng grouss Bedeitung. Fir vill Museker steet nieft dem Concours och d'Erfarung am Mëttelpunkt. Insgesamt huelen 31 Länner deel. Aktuell sinn 252 Orchesteren a Bands vu 5 Kontinenter ugemellt. Och Lëtzebuerger Museken trieden un.
D'Fanfare Bouneweg trëtt beim World Music Contest an der éischter Divisioun un. Dat ass déi héchst fir Amateur-Museker. Doriwwer spille just nach déi professionell Fanfaren an der Concert-Divisioun. Fir d'Fanfare vu Bouneweg ass et schonn déi véiert Participatioun zu Kerkrade.
Och d'Harmonie Municipale vu Monnerech hëlt dëst Joer um WMC deel. Fir si ass et déi éischt Participatioun. Si trieden an der Kategorie "Harmonie-Orchester" an der 3. Divisioun un. An der Divisioun sinn d'Chance meeschtens gutt, fir matzemaachen, wann d'Musek e passenden Niveau huet.
De World Music Contest (WMC) ass zënter 1951 dee renomméiertsten internationale Festival fir Blosmusek a weltwäit als d'Olympesch Spiller vun der Blosmusek bekannt.
All véier Joer bréngt de WMC méi wéi 20.000 Mënschen an iwwer 300.000 Visiteuren aus allen Deeler vun der Welt zesummen. Um Festival gëtt d'Blosmusek an all hire Forme gefeiert.
De 4. Juli triede béid Veräiner nach eng Kéier zesummen op d'Bün. Beim Try-out-Concert am Kulturzentrum vu Bouneweg wëlle si sech de leschte Feischlëff fir de World Music Contest ginn.