
D'Applikatioun mam Numm "Greta" gëtt et zwar schonn eng Zäitchen, erkläert d'Nadine Erpelding vum Kulturministère. Mee u wie riicht se sech iwwerhaapt?
"Souwuel u Leit, déi net gesinn oder schlecht gesinn, an u Leit, déi net héieren oder schlecht héieren, well si huet verschidden Optiounen. Also do kann een entweeder Audiodescriptioun driwwer lauschteren, dat heescht, do huet een dann déi Saachen, déi een net, den Dialog, deen een net héiert, dat sinn déi Geräischer, déi beschriwwe ginn, an och déi Aktiounen, déi beschriwwe ginn, déi een net ka gesinn. Respektiv fir déi Leit, déi net héieren oder net gutt héieren, huet een d'Optioun vun den Ënnertitelen, déi awer och deskriptiv sinn, dat heescht, déi dann alles, all déi Geräischer am Fong beschreiwen. Dat kennt een och, wann een de Film doheem kuckt, do huet ee jo och déi Optiounen."
Bis ewell war d'App zu Lëtzebuerg just fir däitsch Versiounen disponibel. Nei ass zanter Ufank dësem Joer, datt och Franséisch elo dobäi ass. Mam Telefon an der App a wann néideg senge Kopfhörer geet een also an de Kino.
"Dat ass och esou gemaach, dass et relativ däischter ass. D'Autodescriptioun zum Beispill, do huet ee quasi guer keen, guer keng Luucht. Mee och d'Ënnertitelen, dat ass am Fong esou gemaach, dass et och am mannste stéiert. Well dat ass och eppes, wat déi Leit, déi drop ugewise sinn, oft stéiert. Datt se fäerten, e bëssen erauszestiechen an d'Blécker vun deenen aneren. Et ass wierklech schonn esou gemaach, dass et esou mann wéi méiglech stéiert, dass och d'Kinoen am Fong keen Investissement musse maachen."
Aner Optiounen op der App sinn zum Beispill d'Zeechesprooch oder einfach de Volume, deen ee méi haart kann iwwert de Kopfhörer astellen.
"Et kann een domadder an de Kino goen, et muss ee säi Mikro umaachen an d'Geolocalisatioun umaachen. Well et muss jo och zäitgläich sinn. Dat heescht, d'App fonctionéiert iwwert de Mikro vum Telefon. Soubal de Film ufänkt, fänkt dann och d'Descriptioun un."
Eng aner Neiegkeet gëllt vum 1. Oktober un an de meeschte vun de regionale Kinoen am Land, nämlech datt een de Kulturpass notze kann, fir e Film kucken ze goen.
"Do ass et sou, dass d'Seance dann am Fong fir dräi Euro disponibel ass. D'Kulturhaiser si jo u sech alleguerten accessibel fir 1,50 Euro. Et houng net un de Kinoen, mee de Problem ass dee vun den Distributeuren. Well déi erlaben net, dass een ënnert de gewëssene Seuil geet mat den Ticketspräisser."
D'Kinoe wieren absolut gewollt, do matzemaachen, well se hirer Missioun bewosst sinn an och Leit domat ugezu ginn, déi soss vläicht éischter net an de Kino ginn.
D'Greta App kann ee sech gratis eroflueden. Wéi eng Kinoen de Kulturpass an Zukunft wäerten ubidden, wäert dann, soubal et offiziell a Kraaft ass, vum 1. Oktober un um Site www.cinextdoor.lu stoen. E Freideg am leschten Deel vun eiser Serie iwwert den Aktiounsplang an der Kultur, geet et ëm e praktesche Guide fir d'Gemengen.