Serie "Zougang zur Kultur" - Deel 3Benevolat am kulturelle Secteur

Claudia Kollwelter
Dës Woch dréit sech an eiser Kultur-Summer-Serie alles ëm den nationalen Aktiounsplang "Zougang zur Kultur". Ee Constat, dee vum Kulturministère gemaach gouf, ass deen, datt et un enger Ulafstell feelt, fir de Benevolat am kulturelle Beräich.
Opbau vun der Bün vum Luxexpo Open Air (Archivbild)
© Pitt Wagner

Aktuell lafe Gespréicher tëscht dem Kulturministère mam Familljeministère an der Agence du bénévolat, erkläert den Yves Weis vum Ministère de la Culture.

"Do soll ab 27 e Poste geschaaft ginn, dee sech spezifesch just ëm de kulturelle Benevolat këmmert. Et ass e Pilotprojet, dee mer elo mol wëlle starten a kucken, wéi d'Resonanz um Terrain ass. Mee et ass eng Persoun, déi eng éischt Uspriechpersoun soll sinn, fir de Benevolat, déi awer och soll orientéieren, déi soll vernetzen an och d'Besoine sammelen. Dat heescht, no enger gewësser Zäit soll ee mol kucken, wéi eng Froe sinn dacks zréckkomm a wat gëtt wierklech um Terrain gebraucht?"

De kulturelle Benevolat wier extreem breet gefächert:

"Do hu mer d'Leit, déi lokal Muséeën an eis Erënnerungskultur iwwer Joerzéngten opgebaut hunn, mir hunn d'Membere vu Chéier, Museken, Theaterveräiner, bis hin zu Leit, déi op engem Museksfestival schaffen, fir deen um Liewen ze halen. Duerfir déi Zuel, mengen ech, ass warscheinlech ganz schwéier ze chiffréieren."

Den Yves Weis vum Kulturministère
Den Yves Weis vum Kulturministère
© Kulturministère

Froen, déi sech oft am Kader vum kulturelle Benevolat géife stellen, wieren déi vu Versécherungen, Statuten, allgemeng Administratives. Äntwerten dorop soll een da bei enger Persoun an der Agence du bénévolat kréien. Et géif awer och drëm goen, de Benevolat ze fërderen.

"Wou mer och wëllen hëllefen, iwwer d'Agence Benevolat, fir dat méi no baussen ze droen, méi an de Public ze promouvéieren. Mat geziilten Aiden, datt mer do d'Leit wëllen do kréien, wou se sinn."

De Poste soll am Laf vum nächste Joer geschaaft ginn.

"Dat heescht, dat 27 am Hierscht, schätzen ech elo mol, aktuell lafe mer op déi Schinn eraus, déi éischt Assise mat Workshoppe solle fir de kulturelle Benevolat organiséiert ginn, wou mer dee ganze kulturelle Benevolat zesummebréngen, och mat där neier "Uspriechpersoun", fir déi mol ze promovéieren, fir do de Lien tëscht dem Secteur an där Persoun hierzestellen an da mol wëlle mer eis och spezifesch op een, zwee Theemen dat éischt Joer baséieren. Aktuell leeft et mol op Jugend a Soziales eraus. Datt mer emol wëlle mat konkreete Beispiller d'Zesummenaarbecht fërderen an all Joer sollen déi Assisë stattfannen."

E weidere Volet ass dee vum digitale Bettchen am Benevolat, wéi se am Koalitiounsaccord vun dëser Regierung virgesi sinn. Wat de kulturelle Volet ugeet, wier dem Yves Weis no do zum Beispill d'Iddi fräiwëlleg Aarbecht vu Leit a Form vu Bongen, fir Concerten oder aner kulturell Evenementer an Institutiounen ze valoriséieren.

Am 4. Deel vun eiser Serie iwwert den Aktiounsplang "Zougang zur Kultur" geet et muer ëm eng App, déi fir méi Accessibilitéit an de Kinoe suergt.

Liest hei och déi aner Deeler vun eiser Serie:

Back to Top
CIM LOGO