Lëtzebuerger SchauspillerMax Gindorff wiesselt an de Burgtheater Wien

RTL Lëtzebuerg
Am Stéck "Der himmelblaue Herr" steet de Max Gindorff mol erëm zu Lëtzebuerg op der Bühn.
Max Gindorff wiesselt an de Burgtheater
Am Stéck "Der himmelblaue Herr" steet de Max Gindorff mol erëm zu Lëtzebuerg op der Bühn.

Dat kënnt seele vir, obwuel hie seng éischt Schauspillerfarungen am Kaleidoskop-Theater zu Beetebuerg gemaach huet. Hien ass dunn op Wien studéiere gaangen a bei de Residenz-Theater op München komm. Elo geet et an de gréissten Theater am däitschsproochege Raum an domat zréck op Wien.

Zu Lëtzebuerg gëtt et kee festen Ensembel. D’Acteure si meeschtens fräischaffend a spillen op ënnerschiddleche Bühnen. An de groussen Theatere wéi der Wiener Burg ass dat anescht. Do ass ee meeschtens fir e puer Joer fest als Schauspiller agestallt. Dat ka Vir- an Nodeeler hunn.

Der "himmelblaue Herr" leeft de 6. Juli am Kasemattentheater. Vum Hierscht u steet de Max Gindorff dann an der Wiener Burg op der Bühn.

Back to Top
CIM LOGO