Tribeca Film FestivalLëtzebuergesch Produktioune gi bei "Virtual Arcade" gewisen

RTL Lëtzebuerg
17 VR-Produktioune ginn um Festival gewisen, dovunner 2, déi och zum Deel zu Lëtzebuerg produzéiert goufen.
© Extrait vun der Produktioun vu "7 Lives"

Béid Produktioune lafen als Weltpremiere vum Tribeca Festival.

Deen een ass "7 Lives" vum Charles Ayats, Sabrina Calvo a Jan Kounen. An der franséisch, belsch a Lëtzebuerger Co-Produktioun geet et drëm, datt 6 Persoune matkréien, wéi e Meedche sech zu Tokyo virun de Metro gehäit an d'Zeien dono probéieren, mat dëser Situatioun eens ze ginn.

Eleng vum Jan Kounen ass dann déi zweet Co-Produktioun, déi a Frankräich an och zu Lëtzebuerg produzéiert gouf. An "Ayahuasca" hëlt de Regisseur d'Spectateuren op eng spirituell Rees mat.

PDF: Weider Detailer op RTL TodayPDF: Den Artikel op der Säit vun Tribeca.com

Back to Top
CIM LOGO