
Wéi gewosst ass Lëtzebuerg an engem Joer op der Weltexpo zu Dubai dobäi. Wéi déi zoustänneg 5 Ministeren an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Marc Goergen äntweren, chiffréiert sech de globale Budget fir d'Lëtzebuerger Participatioun op 32 Millioune Euro. Bis dato géif och näischt indiquéieren, datt dee Chiffer géif depasséiert ginn.
3 privat Partner steieren all Kéier 2,5 Milliounen Euro zum Budget zu Dubai bäi: dëst sinn d'Post, d'SES an d'Chambre de Commerce - weider Sponsoringskontrakter sinn awer geplangt. Domat stéing elo ewell fest, datt d'Expo 2020, déi Weltausstellung ass, wou de Privatsecteur sech bis ewell am meeschten finanziell un de Fraisen bedeelege géif.
Geréiert gëtt de Projet jo vun der fréierer-DP-Ministesch Maggy Nagel, déi zur Generalkommissärin genannt gouf.
Vum nächste Joer u wäerten och Leit agestallt ginn, fir de Pavillon operationell ze halen.
Déi 5 Ministeren soen iwwerdeem, datt all Sujete mat de Vereenegten Arabeschen Emirater oppe géifen ugeschwat ginn, ee Land, wou et d'Doudesstrof nach gëtt, dorënner och de Sujet Mënscherechter.
Wëll d'Kreeslafwirtschaft beim Bau vum Lëtzebuerger Pavillon eng Roll spillt, sollen op d'mannst 70% vun de benotzte Materialien och nees benotzt ginn, wann de Pavillon no der Expo ofmontéiert gëtt.