
Se krut awer net nëmmen eng nei Kollegin mam Florence Kasumba ... Hire Chef ass elo de Lëtzebuerger Luc Feit als Gerd Liebig.

Keng Première fir de Lëtzebuerger Acteur, deen 1998 schonn eng éischte Kéier an engem Tatort-Episod ze gesi war. Am "Tatort - Bildersturm" war de Luc Feit als arroganten Neo-Nazi nieft dem Dietmar Bär an dem Klaus J. Behrendt ze gesinn.
Am Joer 2000 huet hien dann am "Tatort - Die Möwe" gespillt an 2005 nach emol am "Tatort - Am Abgrund".
"Tatort: Das verschwundene Kind" ass den 1083. Episod aus der Serie a leeft also e Sonndeg den Owend um 20.15 op Das Erste.
