De Lëtzebuerger Archeolog Juan Aguilar schafft zënter 2018 um Site vum wahrscheinlech leschten onerfuerschte Palais vun den Assyrer.
D’Assyrescht Räich hat bis 600 viru Christus seng Haaptstad zu Nineveh, am Norde vum Irak, do wou haut d’Stad Mossul läit.
Et ass eng spannend Missioun, mä wéi komplizéiert an och sécher ass et, an enger Stad ze schaffen, déi bis 2017 vum IS besat war?
D’Charlotte Bruneau huet de Juan Aguilar bei senger Aarbecht begleet a war och en Dënschdeg eis Invitée am Magazin.