
Fir d'Ekipp ass et eng Erausfuerderung, fir sech ëmmer erëm de Säll unzepassen an ze probéieren, dass d’Bühn mam Public verschmëlzt. D’Leit am Sall sollen esou bescht méiglechst integréiert ginn. A bis kuerz virdru gouf dofir och am Sall preparéiert. Mir hunn am Magazin an d’Rockhal geschalt, fir d’Stëmmung virun der Premiere anzefänken.