Déi Kéier an der Abtei Neimënster, wou den Dënschdeg den Owend Kraftwerk opgetrueden ass. Déi legendär däitsch Band huet mat engem 3-D-Concert zu Lëtzebuerg Statioun gemaach.
D'Band gëllt als Electropop-Pionéier an ass bekannt mat Lidder wéi "Das Model" oder "Autobahn". Den Atelier huet se elo op Lëtzebuerg bruecht an domadder vill Fans glécklech gemaach.
Am Virfeld vum Concert hu mir mam Organisateur iwwert dëse spezielle Concert am spezielle Kader geschwat.