
„Ier ech stierwen, géif ech gären...“, an da komme Punkten, an déi fuerdere jiddwereen dee laanscht geet, op, genee dee Saz fäerdeg ze schreiwen. Mat eegene Wierder, seng eege Gedanken a Saachen Doud an d'Stierwe formuléieren – dorëms geet et der Asbl Omega 90, déi am Kontext vum 10. Anniversaire vum Palliativ-Gesetz, dëse ganz spezielle Konschtprojet op Lëtzebuerg geholl huet an d'CFL als Partner an d'Boot krut.
A genee dëse Kader gëtt dem Projet de leschte Schlëff. Wat ass nach méi stresseg ewéi am Stau ze stoen? Ma ze spéit u sinn, fir op den Zuch! An da spréngt engem esou e Saz an d'A "ier ech stierwen", obschonns den Doud eppes ass, iwwer dat ee léiwer net schwätzt oder nodenkt, liest ee weider: "Ier ech stierwen, géif ech gären..." an dann ass ee laanscht. Am Zuch komme se dann, d'Froen: Wat war dat do? Wat hätte se dann elo erëm gär? An dann: mä wat géif ech dann eigentlech do mat Kräid op d'Tafel schreiwen? Fir d'Alessandra Nonnweiler vun den CFL, ass een Ziel da scho mol erreecht. Et wier een jo an der Responsabilité sociale a d'Gare wier jo dofir déi perfekt Plaz.
Dass den Doud dat ass, wat mir all gemeinsam hunn, dass en zum Liewe gehéiert – wësse mer all, mä bewosst driwwer nodenken oder mat engem aneren driwwer schwätzen, ass ëmmer nach en Tabu. Keng gutt Iddi, fënnt d'Directrice vun Omega 90 Christine Dahm. Wann ee nach matten am Liewe steet, soll ee sech Gedanken driwwer maachen, well Jiddereen stierft iergendwann.

Omega hëlleft op villen Niveauen: Deem Mënsch, deen am Stierwe läit, der Famill, déi da scho mat Leed muss ëmgoen an dono hirer Trauer. Mä Omega 90 forméiert och d'Personal a Spideeler, Alters- a Fleegeheimer. En Deel leeft iwwer Konventioune mam Familljeministère a fir d'Ministesch Corinne Cahen misste 40% vun de Leit am Secteur an de Soins palliatifs doheem sinn. De kruziale Punkt ass net, wou ee stierft, mä wéi ee begleet gëtt.
Net ze vergiessen dann awer och d'Testament de Vie oder de Fin de Vie, och heiranner kann Omega 90 hëllefen, erkläert d'Directrice Christine Dahm. Si maachen och Berodungen mat de Rechter.
An d'Schoule goen, an och do esou Tafelen opstellen. Och déi Jonk kéinte sech Gedanke maachen iwwer dat dono, och wann et u sech ëm d'Liewe geet, ëm dat wat engem wichteg ass a wat ee frou mécht...an dat vläicht besser haut, wéi muer.
A wann der selwer eppes op dës Tafel wëllt schreiwen, Dir fannt se an der Stater Gare, riets am Glas-Ubau. D'Gedanken iwwer Liewen an Doud si mat Kräid geschriwwen a gi reegelméisseg ausgewëscht, fir Neie Plaz ze maachen, dat Geschriwwent gëtt awer dokumentéiert an an de Konschtprojet integréiert.