6 KënschtlerKonscht ënnert fräiem Himmel op der Stater Gare

RTL Lëtzebuerg
De Garer Konscht Festival gëtt et schonn zënter 19 Joer.
Konscht ënner fräiem Himmel op der Stater Gare
De Garer Konscht Festival gëtt et schonn zënter 19 Joer.

Et ass e Festival, wou sech 6 Kënschtler am Garer Quartier vun der Stad treffen a mat verschidden Techniken hiert Handwierk ënner fräiem Himmel presentéieren. Zënter dem Freiden kann een den Atelier op der Place Jean-Heinisch kucke goen.

Zënter der 3. Editioun organiséiert d’Kënschtlerin Florence Hoffmann de Garer Konschtfestival. D’Zil mat deem Projet ass et, dem Quartier e méi positiivt Bild ze ginn, mee awer och déi lëtzebuergesch Konscht-Zeen ze förderen.

Lëtzebuergesch Skulpteure wéi z.B. d’Anne Lindner an Nadine Zangarini sinn op der Plaz; ma awer och Artisten aus Däitschland, Éisträich, Italien an der Tierkei weisen hei hir Wierker. Eng Woch hunn d‘Kënschtler Zäit, fir e Bamstamm mat Hëllef vun hiren Talenter an eng Skulptur ze verwandelen. Kleng Modeller hunn hei bei de Preparatioune gehollef.

Bis den 2. August kann een d’Entwécklung vun de Wierker op d’Plaz Heinisch kucke goen. A wiem dat net genuch ass, kann nach dem Florence Hoffmann hir grouss Installatioun ‘Jardin Ephémère’ op der Gemengeplaz zu Esch bewonnere goen. Hei stellt si den Ament iwwerdimensional Bicher aus Holz aus.

Back to Top
CIM LOGO