Skulptur Symposium zu KäerchKënschtler aus aller Welt dobausse bei hirer Aarbecht nokucken

Patricia Baum
Zënter 2007 organiséiert de Sculpteur Tom Flick all 3 Joer en internationale Symposium zu Käerch.

De Kënschtlerkollektiv Sixthfloor mécht och am Summer keng Paus. Schonn déi 5. Kéier organiséieren d’Artisten zu Käerch de sougenannte "Muse-Symposium". 5 Kënschtler aus Schweden, Russland, Däitschland, Rumänien a Lëtzebuerg sinn zesummekomm, fir dobaussen u Skulpturen ze schaffen. An et kritt een emol déi seele Geleeënheet, den Artiste bei hirer Aarbecht iwwert d’Schëller ze kucken.

Skulptur Symposium zu Käerch
Et ass déi 5. Kéier, datt een Kënschtler aus aller Welt hei zu Lëtzebuerg bei hirer Aarbecht kann nokucken.

Back to Top
CIM LOGO