De Jean Walté ass de 6. September 1949 op d'Welt komm. An de leschte Joren huet hien zu Maacher gewunnt. Fir RTL.lu huet hie Fotoe gemaach, dat virun allem am Oste vum Land. Ob d'Réimecher Kavalkad, d'Wäifester laanscht d'Musel oder anere Volleksfester an der Regioun, vill Leit hunn de Jean Walté mat sengem Fotoapparat kennegeléiert.
Kuckt hei all d'Fotogalerië vum Jean WaltéAm Februar 2023 krut hien d'Diagnos Kriibs, no laanger Krankheet ass hien am Alter vu 74 Joer gestuerwen.
Am Numm vun RTL drécke mir der Famill d'Bäileed aus.
Eng kleng Auswiel vun de Galerie vum Jean Walté
Réimecher Kavalkad (10.3.24)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Gedenkfeier fir Verkéiersaffer (18.11.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Drauwelies op der Musel (26.9.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Welleschter Kiermes (30.7.23) - Jean Walté
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
RTL-News: Hoffen op en zweet Wonner: De Jean Walté ass stierweskrank a wëll duerfir nach emol op Lourdes