
Ulass war de Weltfraendag. Haut ass d'Directrice an der Pensioun, awer de Festival gëtt et nach.
Dës Woch war dee leschte Concert an de Régis Thill war fir eis 2 Musekerinne kucken a lauschteren.
Haaptattraktioun vum Owend war d’Rut Regev mat hirer Band. Déi israelesch Trombonistin, déi hir Stécker selwer schreift, ass schonn 2015 zu Diddeleng opgetrueden. Dës Kéier huet se hire leschten Album" Keep Winning" virgestallt.