
De kurdesche Journalist a Realisateur Behrus Bootschani gouf mam 100.000 Dollar dotéierte Präis (ëmgerechent 63.000 Euro) vum Bundesstaat Victoria ausgezeechent.
Säi Buch "No Friend But the Mountains: Writing from Manus Prison" huet den Iraner am Flüchtlingslager op sengem Handy geschriwwen ane engem Iwwersetzer Stéck fir Stéck iwwer WhatsApp geschéckt.
D'Buch huet donieft oh an der Kategorie Sachliteratur gewonnen. Dofir goufen et nach emol 25.000 australesch Dollar.
De Bootschani sëtzt zanter 2013 op der Insel Manus fest, déi zu Papua-Neiguinea gehéiert. Dohi ginn d'Demandeurs d'asile placéiert, déi mat engem Boot an Australien komm sinn. Do sëtzen d'Mënschen dann meeschtens jorelaang fest. D'Mëssstänn op der Insel sinn immens grouss. Déi australesch Regierung wiert sech géint d'Kritike mam Argument, si géife mat der ëmstriddener Flüchtlingspolitik Mënscheschmuggel ënnerbannen an esou Liewe retten.